Häerzlech Wëllkomm

D'Zolwer Knappbléiser hunn d'Awunner vum CIPA Résidence "op der Waassertrap” um Belval um Samschden, 11. Abrëll 2020 kuerz virun Ouschteren iwwerrascht. Virun der Dier, a mam néidegen Ofstand zueneen, hu si op alle Säite vum Gebai Klassiker zum Beschte ginn, fir de Residenten eng Freed ze maachen.⁣